Home » Kölner Owend Biwer
10. Kölner Owend Biwer 22.11.2014
Och wann den FC just virdru knapp verluer haat, esou war d'Stëmmung um 10. Kölner Owend am Fancy zu Biwer ë Samsdeg 22.11.2014 alt nees excellent! De Sall huet gekacht ewéi ëmmer an nom excellente Kascht vum CTF Wecker hunn de Käpt'n, säi Matrous, d'Lisa, d'Hüette Maria a Ruth an d'Dompiraten Vollgas ginn an de Kölsch ass gelaf, gelaf a gelaf ;-)! Alt nees e super Owend fir den Anniversaire!
Photos: Claude "Waldy" Wanderscheid a Ruth Skinner
9. Kölner Owend Biwer 23.11.2013
E Samsdeg 23.11.2013 war déi 9. Editioun vum beléiwte Kölner Owend vum CTF Wecker am Centre Culturel Fancy zu Biwer. Träipen, Hax a Poulet waren ee Genoss an et huet och keen eppes bäigeholl well d'Dompiraten an de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Tascha an d'Hüetten Sharon a Vanessa hu Vollgas ginn an d'Danzpist war vun Ufank u gutt gefëllt!
Photos: Tom Jean
8. Kölner Owend Biwer 10.11.2012
Ë Samsdeg 10.11.2012 war schon deen 8. "Kölner Owend" vum CTF Wecker am Centre Culturel Fancy zu Biwer. Wéi all Joër war d'Stëmmung phantastësch a vläicht esouguer déi Kéier nach eppes besser ewéi soss. Op der Bühn hunn d'Dompiraten an de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Sandy an d'Hüetten Mira a Vanessa Gas ginn an de Sall huet gekacht!!
Photos: Michèle "Mike" Mars
7. Kölner Owend Biwer 5.11.2011
...wéi daat schon Traditioun ass huet den Doum gebrannt um 7. Kölner Owend am Fancy zu Biwer. De Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Sandy an d'Hüetten hunn neess Vollgas ginn virun den Dompiraten, déi de Sall duerno zum Kache bruecht hunn!
Photos: Michèle "Mike" Mars
6. Kölner Owend Biwer 6.11.2010
De Fancy zu Biwer war ë Samsdeg 6.11.2010 eng regelrecht Sauna ;-)! De Käpt'n, säi Matrous, d'Sandy, d'Hüetten an d'Dompiraten hunn de Sall zum Kache bruecht an ët huet ee schon deen een oder anere Kölsch gebraucht fir ze läschen!! Ë super Owend organiséiert vum CTF Wecker!
Photos: Claude "Waldy" Wanderscheid
Restricted Categories