Home » Päischtcroisière
Päischtcroisière 2015
Déi 30. Päischtcroisière mat Neptun Cruises war vum 23. bis den 30. Mee 2015 u Bord vun der MSC Lirica ënnerwee vu Venedeg iwwer Split (Kroatien), Saranda (Albanien), Milos, Rhodos/Lindos, Chania/Kreta (Griechenland), een Dag op Séi an nees zeréck op Venedeg.
Fotoen: Ruth Skinner, Tom Jean a Camille Ney
Päischtcroisière 2014
Déi 29. Päischtcroisière mat Neptun Cruises war vum 8. bis de 15. Juni 2014 u Bord vun der MSC Splendida ënnerwee vu Genua iwwer Palma, Ibiza, Gibraltar, Barcelona, Marseille an neess zeréck op Genua. Hei gesidd Dir alleguer d'Photoen a kënnt Iech se och eenzel eroflueden - vill Spaass!!
Photos: Ruth Skinner, Tom Jean a Camille Ney
Päischtcroisière 2013
Déi 28. Päischtcroisière mat Neptun Cruises war vum 25. Mee bis den 1. Juni 2013 u Bord vun der MSC Divina ënnerwee vu Venedeg iwwer Bari, Katakolon/Olympia, Izmir, Istanbul, Dubrovnik an neess zeréck op Venedeg.
Hei gesidd Dir alleguer d'Photoen a kënnt Iech se och eenzel eroflueden - vill Spaass!!
Photos: Ruth Skinner, Claude Wanderscheid a Camille Ney
Päischtcroisière 2012
Vum 27.5. bis den 3.6.2012 waren neess 1700 Leit op der Päischtcroisière 2012 u Bord vun der MSC Musica ënnerwee duerch d'Mëttelmier. Vu Venedeg aus goung d'Rees op Bari, Katakolon, Santorini, Mykonos, Athen, Korfu, Dubrovnik an neess zeréck op Venedeg. Hei gesidd Dir Impressiounen vum Schëff, vun den Destinatiounen a vun elauter gutt gelaunte Leit.
Photos: Ruth Skinner, Max Schiltz a Camille Ney
Päischtcroisière 2011
Vum 28.5. bis de 4.6.2011 waren neess eng 1600 Leit op der Päischtcroisière 2011 u Bord vun der MSC Sinfonia ënnerwee duerch d'Mëttelmier. Vu Livorno goung et op Zakinthos, Mykonos, Gythion, Catania, Salerno an neess zeréck op Livorno. Hei Impressiounen vum Schëff mat elauter gutt gelaunte Leit bei super Wieder!
Photos: Camille Ney
Restricted Categories