Home » K Restaurant Huldang
Lëtzebuerger Owend K-Restaurant 19.10.2018
E Freideg 19.10.2018 haten de Frédéric Muller a seng Brigade nees op hieren traditionnelle Lëtzebuerger Owend am K-Restaurant zu Huldang invitéiert an d'Gäscht goufen duerch an duerch verwinnt. Fir d'éischt mat engem formidabele Buffet an duerno mat der Bommestëmmung, fir déi de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüette Sharon a Susana bis wäit no Mëtternuecht gesuergt hunn! An den Highlight vum Owend: dem Käpt'n säi Gebuertsdag!!
Fotos: Tom Jean
Lëtzebuerger Owend K-Restaurant 28.10.2017
E Samsdeg 28.10.2017 war alt neess Bommestëmmung op der Spëtzt vum Land: de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüette Sharon a Susana waren neess op Besuch an nom formidabele Buffet vum Frédéric Muller a senger Brigade huet dee gutt gefëllte K-Restaurant zu Huldang Party gemaach bis wäit no Mëtternuecht!
Fotos: Tom Jean
Lëtzebuerger Owend K-Restaurant 24.9.2016
D'Clientèle vum K-Restaurant zu Huldang ass eng Garantie fir super Stëmmung! Dat war e Samsdeg 24.9.2016 och neess esou um traditionnelle Lëtzebuerger Owend. De Chef Frédéric Muller a seng Brigade haaten neess e formidabele Buffet mat Lëtzebuerger Spezialitéite opgedëscht an duerno huet de Sall Party gemaach bis an de fréie Moien mam Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Lisa an den Hüette Maria a Susana!
Fotos: Ketty a Rom Hankes
Lëtzebuerger Owend K-Restaurant 16.10.2015
Wat huet de K-Restaurant zu Huldang e Freideg 16.10.2015 neess gebrannt ;-)! D'Stëmmung um Lëtzebuerger Owend war alt neess sensationnell. De Chef Frédéric Muller a seng Brigade haate fir e formidabele Buffet mat Lëtzebuerger Spezialitéite gesuergt an duerno hunn déi gutt 200 Gäscht de Sall mam Käpt'n, dem Matrous K1000, dem Lisa an d'Hüette Ruth a Sharon zum Kache bruecht!
Fotos: Tom Jean
Lëtzebuerger Owend K-Restaurant Huldang 17.10.2014
E Freideg 17.10.2014 war en Äerdbiewen zu Huldang ;-)! D'Spëtzt vum Land ziddert elo nach, esou formidabel war d'Stëmmung um Lëtzebuerger Owend am K-Restaurant. De Chef Frédéric Muller a seng Brigade haate fir e formidabele Buffet gesuergt an duerno hunn de Käpt'n, säi Matrous, d'Lisa an d'Hüetten Maria, Ruth a Sharon de Sall zum Kache bruecht!
Fotos: Tom Jean
Lëtzebuerger Owend am K-Restaurant 21.9.2013
D'Spëtzt vum Land huet gewackelt ;-) - wat fir eng Stëmmung am ausverkaafte K-Restaurant zu Huldang. De Chef Frédéric Muller haat mat sénger Brigade e formidabele kaalen a waarme Buffet mat Lëtzebuerger Spezialitéiten zesummegestallt an de Käpt'n, säi Matrous, d'Tascha an d'Hüetten Sharon a Vanessa hunn duerno derfir gesuergt dass déi 200 Gäscht d'Kalorien neess konnten ewech danzen ;-)!
Photos: Tom Jean
Letzebuerger Owend K-Restaurant 21.9.2012
Wat fir eng genial Stëmmung!!! Och déi 2. Editioun vum Lëtzebuerger Owend am K-Restaurant op der Schmëdd ë Freideg 21.9.2012 war neess e volle Succès. 150 Leit goufe vum Frédéric Muller mat excellentem Lëtzebuerger Kascht verwinnt an d'Kalorien sinn dunn neess bei Spaass an Danz mam Käpt'n, séngem Matrous, dem Sandy an den Hüetten verflunn!
Photos: Claude "Waldy" Wanderscheid
Lëtzebuerger Owend am K Restaurant 14.10.2011
Mir haate jo scho vill schéin Owender, mee e Freideg 14.10.2011 war ee vun deene Beschten!! De K-Restaurant op der Schmëdd stoung ë Freideg 14.10.2011 op der Kopp: de Chef Frédéric Muller haat mat sénger Brigade fir e formidbele Lëtzebuerger Kascht gesuergt an duerno huet de Sall "gebrannt" op d'Musék vum Käpt'n, séngem Matrous, dem Sandy an den Hüetten - kuckt selwer, och wann d'Photoen déi formidabel Stëmmung nët ganz kënnen eriwwer bréngen...
Photos: Claude "Waldy" Wanderscheid
Restricted Categories