Home » Lëtzebuerger Owend Steesel
Lëtzebuerger Owend Steesel 12.4.2014
"Aller guten Dinge sind 3!" Ë Samsdeg 12.4.2014 haaten d'Nadine Dell an de Marc Tock aus der Mëllerefer Stuff op déi 3. Editioun vum Lëtzebuerger Owend an de Centre de Loisirs op Steesel invitéiert an dee war alt neess mat iwwer 230 Gäscht e groussen Erfolleg: Lëtzebuerger Kascht aus der Muff an dobei déi passend Ambiance mam Kapt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Lisa an den Hüette Ruth a Sharon!
Photos: Tom Jean
Lëtzebuerger Owend Steesel 6.4.2013
Ë Samsdeg 6.4.2013 haaten d'Nadine Dell an de Marc Tock aus der Mëllerefer Stuff op déi 2. Editioun vum Lëtzebuerger Owend an de Centre de Loisirs op Steesel invitéiert an daat war alt neess e Succès op der ganzer Linn: super Kascht, genial Ambiance - e perfekten Owend mam Kapt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Tascha an den Hüetten!
Photos: Ruth Skinner
Lëtzebuerger Owend zu Steesel 20.1.2012
Ë Freideg 20.1.2012 haaten de Marc an d'Nadine aus der Mellerefer Stuff op e Lëtzebuerger Owend an de Centre de Loisirs zu Steesel invitéiert. Niewt dem deftege Lëtzebuerger Kascht gouf gedanzt bis an de Samsdeg eran mam Käpt'n, séngem Matrous, dem Sandy an den Hüetten - e genialen Owend mat enger Bommestëmmung: kuckt selwer!
Photos: Max Schiltz
Restricted Categories