Home » Kirmes zu Welleschten
Kirmes zu Welleschten 29.7.2013
Méindes owes ass ët ëmmer am Flottsten op der Welleschter Kirmes. An esou war et dann och e Méindeg 29.7.2013 - den Zenter vum Duerf ronderem de Wäschbur war schwarz vu Leit a fir déi gutt Stëmmung hunn d'Moselle Valley Brass Band, de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Sandy an d'Hüetten Ruth a Sharon an den Änder Hirtt, den Erny Delosch an d'Sandy Botsch gesuergt!
Photos: Tom Jean
Kirmes zu Welleschten 30.7.2012
Ë Méindeg 30.7.2012 haat de Syndicat d'Initiative vu Welleschten op séng traditionnell "Welleschter Kirmes" invitéiert a wéi all Joër waren dausende vu Leit op der Plaatz beim Buer an an de Stroosse ronderëm an hu séch ameséiert op d'Musék vum Roland Kaiser, dem Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Sandy an den Hüetten an dem Marion Welter, Änder Hirtt an Erny Delosch.
Photos: Ruth Skinner
Restricted Categories