Home » Kermesse Flamande Kayl
Kermesse Flamande Kayl 25.6.2016
Déi traditionnell Kermesse Flamande vun der Kayler Musek war e Samsdeg 25.6.2016 eng éischte Kéier an deem flotte Kader vum Park Ouerbett. Nodeems Mëttes nach e puer Schaueren erof gaang sinn, huet owes d'Sonn geschengt an déi sëlleche Leit, déi sech net esou fir Fussball interesséiert hunn, hu sech mat der Harmonie Moutfort-Méideng an der Musek vum Käpt'n, dem Matrous K1000, dem Lisa an den Hüette Maria a Susana herrlech ameséiert.
Photos: Tom Jean
Kermesse Flamande Kayl 27.6.2015
Ë Samsdeg 27.6.2015 war neess déi traditionnell Kermesse Flamande zu Kayl, organiséiert vun der Kayler Musek. No engem Concert vun der Réimecher Musek hunn de Käpt'n, säi Matrous, d'Lisa an d'Hüette Maria, Ruth a Sharon op der Place Fred Coullen fir eng excellent Ambiance bei herrlechem Wieder gesuergt.
Photos: Tom Jean
Kermesse Flamande Kayl 28.6.2014
Wat wéinst dem Reen a wéinst dem Fussball-WM-Match Brasilien-Chile am Ufank méi lues ugefaang huet, gouf herno e phantastescht Fest mat enger Mega-Stëmmung. D'Kermesse Flamande zu Kayl war um Samsdeg 28.6.2014 e groussen Erfolleg a matzen dran: de Käpt'n, säi Matrous, d'Lisa an d'Hüetten Ruth a Sharon!
Photos: Tom Jean
Kermesse Flamande Kayl 29.6.2013
Ë Samsdeg 29.6.2013 war déi traditionnell Kermesse Flamande zu Kayl, organiséiert vun der Kayler Musek, am Kader vun hierem 125. Anniversaire. Niewt Museken aus dem ganze Land hunn de Käpt'n, säi Matrous, d'Tascha an d'Hüette Ruth op der Place Fred Coullen fir eng excellent Ambiance gesuergt.
Photos: Claude "Waldy" Wanderscheid
Restricted Categories