Home » Oktoberfest Kayl
Oktoberfest Kayl 5.10.2019
Wat war dat nees e gäilen Owend!! Och dat 7. Kayler Oktoberfest war dest Joer neess fantastesch am total ausverkaaften Zelt op der Place Fred Coullen! Den DJ Hoffi, d'Crazy Bléiser, de Romain Kerschen an de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüette Maria a Susana hunn d'Zelt a "Brand" gesat ;-)!
Photos: Petz Flammang
Oktoberfest Kayl 6.10.2018
D'Ambiance um 6. Kayler Oktoberfest war och dest Joer neess fantastesch am total ausverkaaften Zelt op der Place Fred Coullen! Virun allem e Samsdeg 6.10. war d'Stëmmung kaum ze toppen! D'DJen Hoffi & Zambesi, d'Crazy Bléiser, de Romain Kerschen an de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüette Maria a Susana hunn d'Zelt a "Brand" gesat ;-)!
Photos: Petz Flammang
Oktoberfest Kayl 30.9.2017
Et ass schwéier ze beschreiwen, wéi phantastësch d'Ambiance och dest Joer neess am total ausverkaaften Zelt op der Place Fred Coullen zu Kayl war! Déi 5. Editioun vum Oktoberfest huet neess alles gehaal, wat se versprach huet! Bal 1.000 Leit hunn e Samsdeg 30.9. Party total gemaach mat den DJen Hoffi & Zambesi, de Crazy Bléiser, dem Romain Kerschen an dem Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Lisa an den Hüette Maria a Susana!
Photos: Petz Flammang
Oktoberfest Kayl 1.10.2016
De Wahnsinn huet en Numm: Kayl! Och déi 4. Editioun vum Oktoberfest war e Succès op der ganzer Linn! E Samsdeg 1.10.2016 hunn iwwer 700 Leit d'Zelt op der Place Fred Coullen zum Kache bruecht! D'DJen Hoffi & Zambesi, d'Crazy Bléiser an de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüette Maria a Susana hu Vollgas ginn!
Photos: Petz Flammang
Oktoberfest Kayl 3.10.2015
Wann een d'Awunner vu Kayl an aus der Ëmgéigend giff froën: wou ass dat schéinst Oktoberfest am Land? Da giffe si secher soen: ma, zu Kayl! An dass si domat wuel recht hunn, dat huet déi Bommestëmmung am Zelt op der Place Fred Coullen e Samsdeg 3.10.2015 alt neess ënnerstrach! D'DJen Hoffi & Zambesi an de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Sandy an d'Hüette Maria a Ruth hunn d'Zelt zum Kache bruecht!
Photos: Tom Jean
Oktoberfest Kayl 4.10.2014
Wat fir eng Stëmmung! Wat fir en Owend! Déi 2. Editioun vum Oktoberfest zu Kayl war vun der Ambiance hier kaum ze toppen!! Mega-Stëmmung am Zelt matzen a Kayl e Samsdeg 4.10.2014. D'DJ'en Hoffi a Zambesi haaten de Warm-Up gemaach an duerno hunn de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüetten Ruth a Sharon d'Zelt zum Kache bruecht!
Photos: Tom Jean
Oktoberfest Kayl 5.10.2013
Et ginn Oktoberfester an et gëtt... Kayl ;-)! Wat fir eng Première! De Petz haat dat optimal organiséiert an d'Zelt mat den iwwer 500 Gäscht huet gekacht!! Op der Bühn hunn d'DJen Hoffi a Zambezi an de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Tascha an d'Hüetten Ruth a Sharon Vollgas ginn an d'Leit stoungen op de Bänken!!
Photos: Tom Jean
Restricted Categories