Home » Amicale vun der Post
Amicale vun der Post Reesfoire Demy Schandeler 14.11.2014
Wéi sot een Demy-Schandeler-Bus zum aneren: "A wat ass dann hei lass?!" Dat haate si och nach net erliewt ;-)! Demy Schandeler an d'Amicale vun der Post hu bewisen, dass een och an enger grousser Bushaal ka Party maachen. No Ham, Fritten an Zalot hunn de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüetten Maria a Sharon op d'Gaspedale gedréckt an de Sall huet gekacht!
Photos: Tom Jean
6 Stonne Velo mat der Post 21.9.2014
Opwuel et déi meescht vun deene 6 Stonne Velo mat der Post an der Stad e Sonndeg 21.9.2014 riicht era gereent huet, sou hunn d'Cyclisten um Circuit awer alles ginn! An de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüetten Maria a Sharon hu mat hierer Stëmmungsmusek derfir gesuergt, dass d'Leit am groussen Zelt dat schlecht Wieder neess séier vergiess hunn!
Photos: Tom Jean
Chrëschtfeier vun der Amicale vun der Post 18.12.2013
Wat fir en Owend!! Bei der Première vun der Chrëschtfeier vun der Amicale vun der Post ë Mëttwoch 18.12.2013 huet d'Haal op der Cloche d'Or gekacht! No Ham, Fritten an Zalot, Bamkuch a Bûche hunn de Käpt'n, säi Matrous an d'Hüetten Ruth a Sharon Vollgas ginn an d'Leit hu séch herrlech ameséiert! D'Josée Hoss huet hieren Abschied gefeiert an hier Polonaise mam Organisateur Mike Orazi huet fir e Stau am Partybus vun Demy Schandeler gesuergt ;-)!
Fotos: Tom Jean
Restricted Categories