E Samsdeg 8.2.2014 huet de KaGePe séng Prinzessin fir d'Fuesend 2014 gewielt. De Festsall am Threeland Hotel zu Péiteng war mat 260 Leit bis op déi läscht Plaatz ausverkaaft! D'Ambiance, déi de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Sandy an d'Hüetten Ruth a Sharon op d'Danzpist gezaubert hunn, war schwéier ze toppen! D'Sandrine Messmer gouf als Prinzessin Sandrine I. gewielt, Eierendame ass d'Carole Kremer. Si wäerten de Prënz Marc II. also op de Kapesetzungen an op der Cavalcade begleeden.
Fotos: Claude Wanderscheid
Restricted Categories