Home » Pompjeeën Gemeng Konsdrëf
Äppelbal Konsdref 8.10.2016
E Samsdeg 8. Oktober 2016 haaten d'Pompjeeën vu Konsdrëf hieren 8. Äppelbal am Centre Culturel Kuerzwenkel. Nodeems si mat vill Erfolleg 3 Deeg Viz gepresst haaten, hu si déi vill Arbecht um flotte Bal mat hiere Gäscht ausklénge gelooss op d'Musek vum DJ Powerplay John Schloesser a vum Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Lisa an den Hüette Maria a Susana.
Photos: Tom Jean
Äppelbal Konsdref 10.10.2015
E Samsdeg 10. Oktober 2015 haaten d'Pompjeeën vu Konsdrëf hiere 7. Äppelbal am Centre Culturel Kuerzwenkel organiséiert an et wor alt neess e grousse Succès. Jonk an Al hu Party gemaach bis an de fréie Moien a fir déi excellent Stëmmung hunn den DJ Powerplay John Schloesser an de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Sandy an d'Hüette Ruth a Sharon gesuergt.
Photos: Tom Jean
Äppelbal Konsdrëf 11.10.2014
E Samsdeg 11.10.2014 war déi 6. Editioun vum Äppelbal vun de Pompjeeën aus der Gemeng Konsdrëf. Am gutt gefëllte Centre Culturel Kuerzwénkel war d'Stëmmung excellent. Den DJ Powerplay (John Schloesser) an de Käpt'n, säi Matrous, d'Lisa an d'Hüetten Maria, Ruth a Sharon hunn d'Äppel vum Bam gerëselt ;-)!
Photos: Tom Jean
Restricted Categories