Home » Kapesëtzungen USR
4. Kapesetzung USR 17.3.2012
Déi 4. a läscht Kapesetzung vun der US Remeléng huet déi aner 3 nach eng Kéier vun der Stëmmung hier getopt! D'Laura Jeitz haat och dëst Joër neess e faarwege Programm zesummegestallt an de Centre Culturel huet gekacht. Déi 10. Editioun vun de Kapesetzungen war e volle Succès!
Photos: Michèle "Mike" Mars
3. Kapesetzung USR 16.3.2012
Och op der 3. Kapesetzung vun der USR huet de Bam neess gebrannt ;-)! D'Artiste komme mëttlerweil vu wäit erfort, well se héieren hunn, dass d'Stëmmung zu Remeléng schwéier ze toppen ass. De Käpt'n, säi Matrous an d'Hüetten haaten hiert d'Schëff natierlech och do geparkt ;-)!
Photos: Michèle "Mike" Mars
2. Kapesetzung USR 10.3.2012
Och déi 2. Kapesetzung vun der US Remeleng ë Samsdeg 10.3.2012 war neess e volle Succès! Zumols wou d'USR och nach dem Gérard Jeitz säi Gebuertsdag konnt matfeieren. De ganze Sall huet him mam Käpt'n, dem Matrous an hieren Hüetten Ruth a Vanessa e Ständche gesong, an Du goung ët lass... 1,2,3... Minette!!
Photos: Michèle "Mike" Mars
1. Kapesetzung USR 9.3.2012
Ë Freideg 9.3. war déi 1. Kapesetzung vun der USR zu Remeléng. Wéi ëmmer ausverkaaft a wéi ëmmer war d'Stëmmung gigantësch!! Lokal, national an international Artisten hunn de Sall un d'Kache bruecht a matzen dran de Käpt'n, säi Matrous an hier Hüetten. 1,2,3... Minett an d'Hänn an den Himmel ;-))!!
Photos: Michèle "Mike" Mars
4. Kapesetzung USR 19.3.2011
3. Kapesetzung USR 18.3.2011
Och déi 3. Kapesetzung vun der US Remeleng ë Freideg 18.3.2011 war neess e Succes op der ganzer Linn. Eng formidabel Mëschung aus Danz, Cabaret a Sketcher, formidabel orchestréiert vum Laura Jeitz, an natierléch daarf do d'Musék vum Käpt'n, séngem Matrous an hieren Hüetten nët fehlen ;-)!
Photos: Michèle "Mike" Mars
2. Kapesetzung USR 12.3.2011
Och déi 2. Kapesetzung vun der US Remeleng ë Samsdeg 12.3.2011 war neess bis op déi läscht Plaatz ausverkaaft an de Sall huet alt neess gekacht!! Kuckt selwer...
Photos: Michèle "Mike" Mars
1. Kapesetzung USR 11.3.2011
1, 2, 3... Minett!!! Déi 1. Kapesetzung vun der USR huet alt neess ageschlo ewéi eng Bomm! D'Leit stounge vun der 1. Minutt un op de Still an hu Party gemaach. An deem flotte Programm vum Laura Jeitz hunn de Käpt'n, säi Matrous, d'Sandy an hier Hüetten natierlech nët gefehlt - kuckt Iech hei déi bombastësch Stëmmung vun deem Owend zu Remeleng un...
Photos: Michèle "Mike" Mars
Restricted Categories