E Samsdeg 21.11.2015 haat d'Amicale vun der Post op e Lëtzebuerger Owend an de Centre Turelbaach op Mäertzeg invitéiert. Mat iwwer 150 Leit war de Sall gutt gefëllt an déi sollten och op hier Käschte kommen: no Ham, Fritten an Zalot an engem gudden Apfelstrudel mat Glace konnten d'Gäscht hier Kalorien bei der Musek vum Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Lisa an den Hüetten Maria a Ruth neess ewech danzen.
Photos: Ronny Rossi (Amicale vun der Post)
Restricted Categories