Home » Harley-Frënn Péiteng
Après-Ski-Party Harley-Frënn Péiteng 13.1.2017
E Freideg 13.1.2017 haaten d'Harley-Frënn vu Péiteng hier traditionnell Après-Ski-Party am Chalet Laangwiss zu Péiteng. De Schnéi huet derfir gesuergt, dass een sech ewéi am Wantersport gefillt huet an d'Stëmmung war alt neess excellent! De Prënz Semin I. war mat senge Prënzen a Prinzessinnen op d'Party komm a Vollgas ginn, als Warmup fir d'Péitenger Fuesend. Den DJ Chris an de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüette Maria a Susana hu fir de Räscht gesuergt!
Photos: Petz Flammang
Après-Ski-Party Harley-Frënn Péiteng 8.1.2016
E Freideg 8.1.2016 haaten d'Harley-Frënn vu Péiteng op hier Après-Ski-Party an de Chalet Laangwiss op Péiteng invitéiert an dee war séier ze kleng! Kee Wonner: et war héige Besuch ugesot! De Prënz Yves I. ass mat sengem ganzen Haff op d'Party komm an huet mam Vollek gefeiert bis moies fréi. A matzendran: de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüette Maria a Susana.
Photos: Tom Jean
Restricted Categories