Home » Mir hëllefen
Musekalesche Lëtzebuerger Owend Mir hëllefen 11.2.2017
E Samsdeg 11.2017 haat d'asbl "Mir hëllefen" an de Chapito vum Casino 2000 zu Munneref invitéiert fir e musekalesche Lëtzebuerger Owend. Bal 200 Leit waren der Invitatioun fir de gudden Zweck nokomm a si goufe belount mat excellentem Kascht an oofwiesslungsräicher Ënnerhalung mam Patrice Haas , de Renegade Dukes, dem Orchester Marco, Manu a Jang an dem Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Lisa an den Hüette Maria a Sharon.
Photos: Petz Flammang
Mir hëllefen River Diva 12.3.2016
"Mir hëllefen", eng asbl déi sech fir Leit mat rare Krankheeten oder engem Handicap asetzen, haaten e Samsdeg 12.3.2016 op eng Soirée de bienfaisance op d'River Diva op d'Musel invitéiert. Eng 200 Leit si matgefuer an hu sech mat der oofwiesslungsräicher Musek vum Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Lisa an den Hüetten Maria a Susana herrlech ameséiert.
Photos: Petz Flammang
Restricted Categories