E Samsdeg 17.11.2018 haat d'Amicale vun der Post op hieren traditionnelle Lëtzebuerger Primeur Owend an de Restaurant vun der Pâtisserie Hoffmann um Wormerbierg invitéiert. Iwwer 100 Leit goufen do vum Jean-Marie Hoffmann mat engem formidabele Buffet verwinnt an duerno huet de Sall gekacht mat nationaler an internationaler Stëmmungsmusek vum Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Lisa an den Hüetten Sharon a Susana.
Photos: Tom Jean
Restricted Categories