Home » KaGePe
Après-Ski-Party Péiteng 19.1.2019
E Samsdeg 19.1.2019 haaten déi fréier Prinzessinnnen a Prënzen aus der Péitenger Fuesend op hier traditionnell Après-Ski-Party am Chalet Laangwiss zu Péiteng invitéiert. Dobausse war et a...kal, mee dobannen huet de Chalet séier gekacht! A matzendran: de Prënz Claudio I. En excellente Warmup fir d'Péitenger Fuesend mam DJ Alain, dem Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Lisa an den Hüette Maria a Sharon!
Photos: Petz Flammang
Prinzess Night 27.1.2018
E Samsdeg 27.1.2018 krut de Prënz vun der Péitenger Fuesend, de Laurent I., seng Prinzessin. Am gutt gefëllte Festsall vum Hotel Threeland waren d'Andrea an d'Chiara ugetrueden fir Prinzessin ze ginn. D'Andrea huet sech um Enn duerchgesat a wäert elo déi nächst Méint den Zepter un der Säit vum Prënz droen. Matgefeiert hunn de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüette Maria a Sharon.
Photos: Tom Jean
Optakt vun der Péitenger Fuesent 11.11.2017
D'Péitenger Fuessaison 2017-2018 ass lancéiert! E Samsdeg 11.11.2017 war den Optakt am gutt gefëllte Centre des Loisirs zu Lamadelaine an d'Funkemariechen an de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüette Maria a Susana hunn deen neie Prënz Laurent I. mat beschter Stëmmung introniséiert! De Péitenger Wand, dee bléist...
Photos: Petz Flammang
Prinzess Night KaGePe 4.2.2017
Wat wat dat spannend!! Eng eenzeg Stëmm huet um Enn entscheed, dass d'Michèle Machado sech géint d'Mandy Krier duerchgesaat huet an also elo an der Saison 2017/18 Péitenger Prinzessin Michèle I. un der Säit vum Prënz Semin I. ass! Op der Prinzess Night vum KaGePe, e Samsdeg 4.2.2017, war alt neess déi gewinnt super Stëmmung am ausverkaafte Festsall vum Hotel Threeland zu Péiteng. Ët gouf kaal a waarm z'iessen a mat der Musek vum Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Lisa an den Hüette Maria a Susana hunn d'Gäscht hier Kalorien neess ewech gedanzt! Ee vun den Highlighte vum Owend war och et neit Lidd fir d'Péitenger Fuesend aus der Fieder vum Guy Brecht mam Titel "Mär sinn alleguer hei gebuer"!
Photos: Tom Jean
Optakt vun der Péitenger Fuesend 11.11.2016
De Millésime 2016-2017 vun der Péitenger Fuesend versprécht och neess excellent ze ginn! De Festsall vum Home zu Péiteng war e Freideg den 11.11.2016 alt neess gutt gefëllt an d'Funkemariechen an de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüette Maria a Susana hunn dem neie Prënz Semin I. de rouden Teppech ausgeluecht! De Péitenger Wand, dee bléist...
Photos: Tom Jean
Prinzess Night KaGePe 23.1.2016
Wat fir e kinnekléchen Owend! Op der Prinzess Night vum KaGePe, e Samsdeg 23.1.2016, konnt d'Stëmmung net besser sinn am ausverkaafte Festsall vum Hotel Threeland zu Péiteng. 2 super sympatesch Kandidatinnen haaten sech ugemeld fir d'Fuesend 2016 un der Säit vum Prënz Yves I. als Prinzessin ze erliewen an um Enn huet sech d'Prinzessin Tessy I. géint d'Eierendame Linda an der Gonscht vum Public duerchgesat. Parallel zu engem phantastësche Buffet hunn de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüetten Maria a Sharon hunn de Sall zum Kache bruecht!
Photos: Tom Jean
Optakt vun der Péitenger Fuesend 11.11.2015
Wann dat esou weider geet, da gëtt d'Fuesend zu Péiteng 2015-2016 en excellente Cru ;-)! Wat war dat alt neess eng bombastesch Stëmmung am Festsall vum Home zu Péiteng. De Prënz Yves I. gouf e Mëttwoch 11.11.2015 vun de Funkemariechen, KaGePe's Five an dem Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Sandy an den Hüette Maria a Sharon zesumme mam ausverkaafte Sall gefeiert - kuckt selwer: Biller soe méi wéi Wierder...
Photos: Tom Jean
After-Kavalkad-Party Péiteng 15.3.2015
No enger herrlecher 60. Péitenger Kavalkad koum et dunn am Festzelt op der Maartplaz zum grousse Showdown: d'Stëmmung huet gekacht an aus dem Festzelt gouf séier eng Sauna! Party total mam Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Lisa an den Hüetten Maria, Ruth a Sharon!! Dee ganz normale Wahnsinn ;-)!!
Photos: Tom Jean
Restricted Categories